|
Article in other languages:
|
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2005.
Evenementer
- D'Joer 2005 ass vun der Generalversammlung vun der UNO zum Weltjoer vun der Physik erklärt ginn.
Europa
- 23. Januar: De Wiktor Juschtschenko gëtt drëtte President vun der Ukraine.
- 8. Februar: An Dänemark gëtt bei Parlamentswahlen d'Mëtt-Riets-Regierungskoalition vum Anders Fogh Rasmussen confirméiert.
- 20. Februar: Parlamentswahlen a Portugal.
- 12. Mäerz: De José Sócrates gëtt Premierminister a Portugal.
- 19. Abrëll: Ufank vum Pontifikat vum Joseph Ratzinger als Benoît XVI.
- 25. Abrëll: Rumänien a Bulgarien ënnerschreiwen de Bäitrëttstraité zu der Europäescher Unioun.
- 25. Abrëll: De Jiří Paroubek gëtt neien tschechesche Ministerpresident.
- 5. Mee: De Premierminister Tony Blair gewënnt mat senger Labour Party d'Parlamentswahlen a Groussbritannien.
- 29. Mee: D'Fransouse soen an engem Referendum zu 54,86% "non" zum Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa.
- 31. Mee: Den Dominique de Villepin gëtt neie franséische Premierminister.
- 1. Juni: Och an Holland gëtt an engem Referendum géint den Traité iwwert eng europäesch Konstitutioun gestëmmt.
- 7. Juli: Iwwer 50 Doudeger bei Bommenattentater op 3 Metroszich an e Bus zu London.
- 12. Juli: Den Albert II. gëtt neie Prënz vu Monaco.
- 12. September: Parlamentswalen an Norwegen; d'Gauche gewënnt d'Majoritéit.
- 18. September: Parlamentswalen an Däitschland: D'CDU/CSU kréie 35,2% vun de Stëmmen, d'SPD kritt der 34,3%, d'FDP 9,8%, die Linke-PDS 8,7%, die Grünen 8,1%.
- 25. September: Parlamentswalen a Polen. Stäerkst Partei ass Recht a Gerechtegkeet, zweetstäerkst d' Forum vun de Bierger, drëttstäerkst d'Bauerepartei Selbsverdeedegung.
- 3. Oktober: D'Ausseministere vun der Europäescher Unioun décidéieren, Bäitrëttsverhandlunge mat Kroatien an der Tierkei offiziell unzefänken.
- 23. Oktober: De Lech Kaczynski gëtt zum neie polnesche President gewielt.
- 27. Oktober: 2 jonk Leit stierwen zu Clichy-sous-Bois duerch e Stroumschlag, wéi se sech virun der Police an engem Trafoshaische verstoppe wollten; doropshi kënnt et zu deeglaange Krawallen an enger Rëtsch franséische Stied, bei deenen sech jonk Leit mat der Police e Kaz-a-Maus-Spill liwweren; bal 10.000 Autoen an eng Rei Gebaier ginn a Brand gestach; 2 Leit kommen em d'Liewen.
- 22. November: D'Angela Merkel gëtt zur Bundeskanzlerin an Däitschland gewielt.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
- 20. Januar: Den George W. Bush gëtt fir d'zweete Kéier als President vun den USA ageschwuer.
- 29./30. August: An de Staate Mississippi, Louisiana an Alabama riicht den Hurrikan "Katrina" op engem Gebitt esou grouss ewéi Groussbritannien Schied un, déi an d'Honnerte vu Milliarden Euro geschat ginn. D'Stad New Orleans, déi bal eng hallef Millioun Awunner hat, gëtt wéinst enger gebrachener Digue bal ganz iwwerschwemmt; et gëtt iwwer 2.000 vun Doudesaffer.
- 18./26. September: Den Hurrikan "Rita", dee bïs ewell am stäerkste je gemoossenen Hurrikan iwwert dem Atlantik, riicht, obwuel net méi ganz esou staark iwwer Land, grousse Schued an de Südstaten un; et ginn 119 Doudesaffer vum Stuerm (déi meescht dovunner indirekt).
Mëttel- a Südamerika
- 15./25. Oktober: Den Hurrikan "Wilma", deen 3. vun der Kategorie 5 fir dëst Joer, riicht grousse Schued virun allem a Mexiko an op Kuba un; et gi bal 50 Doudeger.
Asien
- 7. Mee: Fraen demonstréieren an der Tierkei géint brutal Mësshandlung. Wéinst "Verletzung vun der Familljenéier" (als bestuete Fra op d'Strooss goen) ass an der Tierkei e 15-järegt Meedche vun dräi Familljemembere vergewaltegt an duerno d'Nues erofgeschnidde ginn (ZDF).
- 13. Mee: Zu Andijan, an Usbekistan schéisst d'Arméi op eng friddlech Manifestatioun, et ginn honnerte vun Doudesaffer.
- 8. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Kaschmir kommen an Afghanistan, Pakistan an Indien iwwer 40.000 Mënschen ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik
Noen Osten an Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Lëtzebuerg
Wëssenschaft & Technik
Economie
Sport
Gebuer
Gestuerwen
- 000Karl Burgeff, däitsche Skulpteur.
- 10. Januar: Joséphine-Charlotte, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
- 17. Januar: Zhao Ziyang, chinesesche Politiker.
- 28. Januar: Jacques Villeret, franséische Schauspiller.
- 29. Januar: Jean Hengen, lëtzebuergeschen Äerzbëschof.
- 29. Januar: Ephraim Kishon, israelesche Schrëftsteller.
- 31. Januar: Erich Kurt Kästner, däitsche Konstrukteur vu Filmkameraen
- 02. Februar]: Max Schmeling, däitsche Box-Weltmeeschter.
- 08. Februar: Jimmy Smith, US-amerikaneschen Jazzorganist.
- 10. Februar: Arthur Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 13. Februar: Lúcia de Jesus dos Santos, portugisesch Nonn an, no eegenen Aussoen, Zeie vun Marienerscheinungen zu Fátima.
- 13. Februar: Sixten Ehrling, schwedeschen Dirigent.
- 20. Februar: Sandra Dee, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 20. Februar: Hunter S. Thompson, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 25. Februar: Peter Benenson, briteschen Affekot a Grënner vun Amnesty International.
- 28. Februar: Mario Luzi, italienesche Lyriker, Literaturtheoretiker an Iwwersetzer.
- 06. Mäerz: Hans Bethe, US-amerikanesche Physiker
- 08. Mäerz: Brigitte Mira, däitsch Schauspillerin.
- 09. Mäerz: William Murray, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 13. Mäerz: Jason Evers, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 15. Mäerz: Bert Pronk, hollännesche Vëlosportler.
- 01. Abrëll: Harald Juhnke, däitschen Entertainer
- 02. Abrëll: Jean-Paul II., Poopst vun 1978-2005
- 04. Abrëll: Fernand Herman, belsche Politiker.
- 05. Abrëll: Saul Bellow, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 06. Abrëll: Rainier III., Prënz vu Monaco.
- 09. Abrëll: Jean Schoos, lëtzebuergeschen Historiker.
- 12. Abrëll: Joseph Brebsom, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Abrëll: Niels-Henning Ørsted Pedersen, dänesche Bassist.
- 22. Abrëll: Erika Fuchs, däitsch Iwwersetzerin.
- 26. Abrëll: Constant Franssens, belschen Economist a Bankmanager.
- 26. Abrëll: Maria Schell, Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Percy Heath, US-amerikaneschen Jazz-Bassist.
- 17. Mee: Stella Zázvorková, tschechesch Schauspillerin.
- 20. Mee: Paul Ricoeur, franséische Philosoph.
- 24. Mee: Carl Amery, däitsche Schrëftsteller an Ëmweltaktivist.
- 04. Juni: Jeannot Bewing, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 06. Juni: Anne Bancroft, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 06. Juni: Siegfried Palm, däitschen Cellist.
- 09. Juni: Julia Palmer-Stoll, däitsch Schauspillerin
- 11. Juni: Ghena Dimitrova, bulgaresch Operesängerin.
- 13. Juni: Jesús Moncada, spuenesche Schrëftsteller.
- 14. Juni: Carlo Maria Giulini, italieneschen Dirigent.
- 15. Juni: Suzanne Flon, franséisch Schauspillerin.
- 20. Juni: Larry Collins, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 21. Juni: Jaime Lachica Sin, philippinesche Kardinol.
- 22. Juni: Manolis Anagnostakis, griicheschen Dichter.
- 22. Juni: Herman Berkien, hollännesche Sänger an Entertainer.
- 25. Juni: Jiří Kodet, tschechesche Schauspiller.
- 26. Juni: Haidy Jacobi, däitsch Radio-Speakerin, Schauspillerin a Regisseurin.
- 04. Juli: Marga López, argentinesch-mexikanesch Filmschauspillerin.
- 05. Juli: Alfred Mousset, lëtzebuergeschen Hobby-Entomolog.
- 06. Juli: Evan Hunter, US-amerikanesche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 06. Juli: Claude Simon, franséische Schrëftsteller.
- 12. Juli: Piero Cappuccilli, italieneschen Operesänger.
- 16. Juli: Camille Felgen, lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimateur, Schlagertextschreiwer a Schauspiller.
- 23. Juli: Tamara Lund, finnesch Operesängerin a Schauspillerin.
- 31. Juli: Wim Duisenberg, hollänneschen Economist.
- 01. August: Constant, hollännesche Kënschtler.
- 01. August: Fahd Ibn Abd al-Asis Al Saud, Kinnek vu Saudi-Arabien.
- 06. August: Robin Cook, schottesche Politiker.
- 06. August: Ibrahim Ferrer, cubanesche Sänger.
- 08. August: Ilse Werner, däitsch Schauspillerin.
- 13. August: Nelly Stein, Lëtzebuerger Politikerin.
- 16. August: Tonino Delli Colli, italienesche Kameramann.
- 16. August: Frère Roger, franséische Geeschtlechen.
- 16. August: Eva Renzi, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Freddy Alborta, bolivianesche Fotograf.
- 28. August: Hans Clarin, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
- 28. August: Jacques Dufilho, franséische Schauspiller.
- 10. September: Erich Kuby, däitschen Auteur.
- 14. September: Robert Wise, amerikanesche Filmregisseur.
- 16. September: F. K. Waechter, däitsche Schrëftsteller a Grafiker.
- 20. September: Simon Wiesenthal, éisträicheschen Architekt an Nazi-Jeeër.
- 21. September: Molly Yard, US-amerikanesch Fraerechtlerin.
- 28. September: Pol Bury, belsche Moler a Sculpteur.
- 29. September: Rolf Winter, däitsche Journalist.
- 16. Oktober: Marcel Jander, lëtzebuergesche Sänger an Schauspiller.
- 18. Oktober: William Evan Allan, leschten australesche Veteran aus dem Éischte Weltkrich
- 20. Oktober: Jean-Michel Folon, belsche Moler, Grafiker a Sculpteur.
- 22. Oktober: Franky Gee (Captain Jack), Museker
- 24. Oktober: Rosa Parks, US-amerikanesch Biergerrechtlerin.
- 26. Oktober: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 03. November: Aenna Burda, däitsch Editeurin.
- 08. November: Carola Höhn, däitsch Schauspillerin.
- 15. November: Hanne Haller, däitsch Sängerin a Komponistin.
- 25. November: Norbert von Kunitzki, Lëtzebuerger Economist.
- 28. November: Mady Molitor, lëtzebuergesch Biologin.
- 06. Dezember: Charly Gaul, Lëtzebuerger Vëlosportler.
- 06. Dezember: Hanns Dieter Hüsch, däitsche Kaberettist.
- 15. Dezember: Julián Marías Aguilera, spuenesche Philisoph.
Questions for article:
|