Saudi-Arabien

Article in other languages:


Central Asia Physical.jpg Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


المملكة العربية السعودية
al-Mamlaka al-‘Arabiyya as-Su’ūdiyya
Saudi-Arabien

Fändel vu Saudi-Arabien

Wope vu Saudi-Arabien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Riad
Staatsform: Absolut Monarchie
Fläch: 2.240.000 km²
Bevëlkerung: 26.417.599 (2004)
LocationSaudiArabia.svg

D’Kinnekräich Saudi-Arabien (arabesch: المملكة العربية السعودية) ass eng absolut Monarchie am Noen Osten. Saudi-Arabien läit op der arabescher Hallefinsel a grenzt un den Irak, Jordanien, Kuwait, Oma, Katar, Bahrain, d’Vereenegt Arabesch Emirater, de Jemen, d’Rout Mier an de Persesche Golf. Bekannt ass d’Land fir seng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d’Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d’Arméi eigentlech relativ kleng ass. Donneschdes ass deelweis Roudag, de Freideg ass e komplette Roudag. Déi islamesch Zäitrechnung gëtt ugewandt. (Moundkalenner)

Geographie

Déi Arabesch Hallefinsel besteet gréisstendeels aus engem ausgedeenten Héichland. Am Weste bilt de Plateau e géie Randofbroch, dee parallel zur Küst vum Roude Mier verleeft. Am Nordweste gëtt et praktesch keng Küst. Déi héchste Bierger leien am Südwesten am Asir, wou och den héchste Punkt, de Bierg Dschabal Saura mat 3.133 m Héicht läit.

Am Oste fält d’Héichland bis bei d'Waasser vum Persesche Golf of, deem seng Küste mat lauter Dëmpelen a Salzfläche bedeckt sinn. D’Héichland ass gréisstendeels mat Sandwüst a mat e puer Gebidder vu natierlechem vulkanesche Gestengs bedeckt. E breet Wüsteband, "dat eidelt Véirel" Rub al-Chali, erstreckt sech iwwer de ganze Süde vum Land.


Questions for article: öffentliche amputation saudi-arabien, dschabal sauda, rial saudarabia, sageco saudia arabia, saudi arabien, zoll von deutschland nach saudi arabian

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.


IHS Europe: Infrared Heating Systems for Home and Business.